KLEUSBERG: Container a modulär Gebaier – Containerlocatioun
Multigone ass de Vertrieder vun der Firma KLEUSBERG zu Lëtzebuerg.
KLEUSBERG realiséiert zanter iwwer 75 Joer schlësselfäerdeg modulär Gebaier: Design, Planung, Virbereedungsaarbechten, Chantierleedung (och a Koordinatioun mat Ärem Architekt) souwéi d’Produktioun vun de Moduler an hiren eegene Produktiounsunitéiten an Däitschland. All Normen am Beräich Energieeffizienz, Schalldämmung, Sécherheet a Brandschutz ginn strikt agehalen – bis hin zum Passivhaus-Standard.
************************************************************************************
Schilling Raumkonzepte: Bannenausbau fir Crèchen
De Gottfried Schilling beschäftegt sech zanter méi wéi 20 Joer mat der Bannenausriichtung vu Kannerraim ënner Berécksiichtegung vu pädagogesche Konzepter. Bei der Gestaltung vu senge Raim setzt hien op seng Kreativitéit, seng Erfarung an op d’Qualitéit vu senge Produiten.
************************************************************************************
Hering Sanikonzept: Ëffentlech Toiletten
D’Entwécklung an d’Produktioun vun den automateschen ëffentleche Toiletten vun Hering baséieren op 40 Joer Erfarung an dauerhafter Innovatioun. Hering huet schonn iwwer 6.000 Sanitäranlagen entworf a produzéiert a verfüügt domat iwwer genuch Erfarung a Flexibilitéit, fir hir Installatiounen un d’Wënsch an Ufuerderunge vun hire Clienten unzepassen.
*************************************************************************************
HALTEC: Locatioun vu Halen an industriellen Zelter
De Grupp HALTEC beschäftegt iwwer 200 Mataarbechter an Europa a spezialiséiert sech op d’Produktioun vu Stahlhalen, Liichthalen an industriellen Zelter. D’Konstruktioun vun den Armature gëtt komplett vun HALTEC an Däitschland hiergestallt.
************************************************************************************
BOELS Portable Kitchens
BOELS Portable Kitchens ass de gréisste Fournisseur vu mobile Kichen, Killunitéiten a Kichegeräter an Europa. Fir all Situatioun hu si eng professionell Léisung unzebidden – egal ob Dir eng Produktiounskichen oder eng temporär Kichen braucht. Multigone ass de Vertrieder vun der Firma BOELS Portable Kitchens zu Lëtzebuerg