Boutique Translation,
5 gutt Grënn fir mat eis ze schaffe …
- Eng éischtklasseg Qualitéit
Mir sinn eng Equipe vu qualifizéierten Iwwersetzer, Texter an Dolmetscher. Boutique Translation steet fir sënngeméiss a trei Iwwersetzungen a bitt och Déngschtleeschtunge wéi Beglawegung, Legalisatioun an Apostille vun Den Haag un. Mir dolmetsche Konferenzen, Sëtzungen, Hochzäiten a villes méi.
- Eng laangjäreg Erfarung am Marketings-, Finanz- a juristesche Sektor
Eis Boutique Translation Firma schafft fir Affekoten, Fiduciairen, Banken, mee och fir Ministèren, Gemengen, Associatiounen a Lëtzebuerger Betriber.
- Eng devouéiert Equipe vun Diplom-Iwwersetzer
Gutt Iwwersetzer, Texter an Dolmetscher an eisen Haaptsproochen an e klenge Reseau vun enke Mataarbechter fir all aner Sproochen. Esou bidde mir souwuel en opmierksamen an zevirkommende Service, wéi och Verbesseren, Redaktioun vu Websäiten a Broschüren, néi Schreiwen, Transkriptioun a villes méi.
- E perséinleche Kontakt an een op Iech ofgestëmmte Service
E vun eise Klientsbetreier ass ëmmer fir Iech erreechbar, egal wéi eng Sproochekombinatioun an Déngschtleeschtung Dir braucht.
- Fair Präisser
Eng héichwäerteg, ausgefeilt Qualitéit, dat heescht erfuere Mataarbechter a vill Flexibilitéit. Mir applizéiere Forfaiten, gi Reduktioune fir grouss Quantitéiten an eng laangfristeg Zesummenaarbecht. Mir halen drop, korrekt Salairen ze bezuelen an esou wäit wéi méiglech mat lokale Leit ze schaffen, a rechnen eis Präisser deementspriechend. Nohaltegkeet a Mënschlechkeet ginn och bei eis groussgeschriwwen.
Brainboosting Your Texts. Trust Us!
Profitéiert vun de Virdeeler vun engem selbstännegen Iwwersetzer an den Avantagen vun engem internationalen Iwwersetzungsbureau.
Kontaktéiert eis!
Telefon +352 446730 I +352 691 446730,
Email martine@boutiquetranslation.com;projects@boutiquetranslation.com
Kommt am Büro laanscht!
26, rue Antoine Meyer I L-2153 Luxembourg
Strooss beim Eck route d’Esch & Robin du Lac Concept Store eran
Latitüd: 49.6022433 - Longitüd: 6.11736599)