Scissorhands ass e Coiffeurssalon zu Mamer, no bei senger Clientèle, an enger flotter Ambiance, deen Iech mat oder ouni Rendez-vous häerzlech empfänkt.
An eiser Philosophie ass net nëmmen d’Handwierk an d’Fachkenntnis wichteg, mee och d’Relatioun, déi mir mat eiser Clientèle opbauen. Dofir ass et fir eis ganz wichteg, datt eis Clientë sech wuel fillen an gutt encadréiert ginn.
All eis Coiffeusen hunn eng grouss berufflech Erfarung iwwer vill Joren a stellen Iech hir Kompetenz a säi Wëssen am Beräich vun der Coiffure (Dammen, Hären a Kanner) souwéi och an der Manicure zur Verfügung.
Mir bidden eise Clienten déi beschtméiglech Produkter fir hir Hoer un, a fir déi, déi et wënschen, benotze mir och natierlech baséiert Faarwen.
Kommt eis besichen a fannt eng jovial, kompetent an dynamesch Equipe, déi zu Ärem Déngscht steet.