Solidarité Jeunes asbl ass eng Asbl, déi sech mat der Konzeptioun, der Entwécklung, der Ëmsetzung an der Gestioun vun Aktivitéiten am Beräich vun der Kandheet, der Jugend an de Famillje beschäftegt. Si begleet Kanner, Jugendlecher, jonk Erwuessener a Familljen, déi sech a schwierege Liewenssituatioune befannen. De Schwéierpunkt läit dobäi op der Fërderung vun der Erzéiung, der sozialer Inklusioun, der Integratioun an d'Famill souwéi op dem kierperlechen a psychesche Wuelbefannen.
D'Associatioun verfollegt weder politesch nach konfessionell Ziler. Hir Aktivitéiten an Déngschtleeschtunge stinn all Persoun op, onofhängeg vun hirer Nationalitéit, hirer ethnescher Hierkonft, hire politeschen oder reliéisen Iwwerzeegungen, hirem Geschlecht oder hirer sexueller Orientéierung.
D'Haus 13 besteet aus zwee sech ergänzende Servicer: dem Familljeservice an dem Psychologesche Service. Déi zwou Offere kënnen onofhängeg vuneneen oder kombinéiert genotzt ginn, jee no de Besoine vun der betraffener Persoun oder Famill.
D'Familljeberoderinnen an d'Familljeberoder souwéi d'Psychologinnen an d'Psychologe begleeden Kanner, Jugendlecher, jonk Erwuessener a Familljen am ambulante Kader. Haus 13 huet sechs Antennen uechter Lëtzebuerg, an all Antenn sinn déi zwou Servicer disponibel.
All Ufro fir eng Begleedung muss vum Office National de l'Enfance (ONE) guttgeheescht ginn. Den ONE iwwerhëlt och de gréissten Deel vun de Käschte fir d'Begleedung.