MAISON DU LIT BY KANDEL war deemools dat éischt Fachgeschäft fir Bettwueren am Groussherzogtum Lëtzebuerg a war ausschliisslech op Bettartikelen spezialiséiert.
Schonn zu där Zäit huet den Här Kandel grousse Wäert drop geluecht, senge Clienten nëmme Produkter vun de beschte Produzenten unzebidden. Dës Traditioun gëtt bis haut weidergefouert, well näischt iwwertrëfft Qualitéit.
Stänneg um neiste Stand vum Fortschrëtt am Beräich Bettwueren ze bleiwen, fir datt d’Clienten dovunner profitéieren, ass dat wichtegst Zil vun MAISON DU LIT BY KANDEL.
D’Equipe vu MAISON DU LIT BY KANDEL gëtt a Seminairen iwwer Trends, Bettensystemer a Bettwäsch forméiert.
1999 huet MAISON DU LIT BY KANDEL en zweet Geschäft zu Bäreldeng op enger Fläch vu 500 m² opgemaach an domat seng Positioun als héichwäerteg Bettwueren-Spezialist am Groussherzogtum Lëtzebuerg gestäerkt.