Formatiounszentrum
4 Formatiounssäll an ee grousse Konferenzsall offréieren Iech Plaz a Rou fir Är Formatioun, Är Schoulklass oder Är Informatiounsversammlung.
Dir kritt bei Bedarf ee Beamer, Whiteboards, 52"-HD-Plasma-Fernseher, Flipcharts, Gedrenks an een Daktylo-Set fir Är Presentatioun vun eis gestallt. De Konferenzraum ass equipéiert mat Sonorisatiounsanlag, Beamer, Blue Ray Reader, eng 5x4m Leinwand an eng Dolby-Surround-Anlage vun BOSE.
Zudeem offréiere mir Iech gären eng Kaffispaus oder e Mëttegiessen bei eis am Haus, jee nodeem wéi Dir Ären Openthalt wëllt gestalten.