Sport
An eiser schéiner Sporthal fannt Dir 2 Tennisterrainen, een Airtramp an eng 12 Meter héich Kloterwand fir Kanner ab 10 Joer. Bausse sinn nach Tennis- a Paddletennisfelder an 2 Bolzplazen.
E Mountainbikewee geet duerch de Bësch an d'Vëlospiste PC22 vun Bëttel op Lellgen fiert iwer de Site vum Parc Housen. Op 5km zu Pëtschent fënnt een och 2 Beachvolleyballfelder.
Eis Schwämm "AquaNat'Our" mat sengem Baussebaseng, Kannerbaseng an der rouder Rutschbahn offréiert speziell Tariffer fir Gruppen.