Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Centre écologique et touristique "Parc Housen"

          Kulturzenter 12 Parc L-9836 Hosingen (Housen)
          Kuck d'Nummer 92 95 98-700 Itinéraire Websäit

          Natur

          Um Site vum Parc Housen fannt Dir een Arboretum, een Naturléierpad, Beiestäck, en Äiszäitgaart, d'Haus vum Naturpark Our mat senger Expo an 3 Wanderweeër duerch de Bësch.

          Am Arboretum ginn et 40 Aarte vu Beem a Straicher z'entdecken. E klenge Panneau liwwert spannend an interessant Informatiounen zu den eenzelnen Aarten. Zudeem kann een sech am Naturparkhaus ee Quizz-Flyer mathuelen. Wann een all Froe richteg beäntwert, kritt een eng Belounung.

          Op den 9 Statiounen vum 3km laange Robiwee kënne Gruppe mat Kanner kloteren, sprangen, schaukelen an hir Geschécklechkeet testen. Méiglechkeete fir tëschenduerch ze raschten sinn och gebueden. Bei schéinem Wieder ass de Wee mat enger Poussette ze meeschteren.

          Natur

          Aner Suggestiounen