Grillbud
Eis Grillbud leit am Arboretum vum Parc Housen. Déi grouss Wiss an déi roueg Lag sinn ideal als Spillplaz fir d'Kanner an hir véierbeeneg Frënn.
An der Grillbud fanne 50 Persoune Platz fir gemittlech z'iessen a ronderëm Feierplaz steet och nach eng Bänk fir sech ze wiermen an den owend auskléngen ze loossen.
Baussen ass e grousse Schwenkgrill, op deem ee fir déi 50 Léit grille kann. Falls Dir weider Sëtzplaze braucht, kritt Dir bei eis nach Bänken an Dëscher ze lounen.