Eis Brasserie Boulodrome zu Belval ass eng Brasserie, déi net nëmmen eng Passioun fir Kichen a Goût huet, mee sech och staark fir sozial an ekologesch Themen asetzt.
Eis Produkter a Servicer
- Mir kafen lokal/regional an aacht op d’Herkunft vun eise Produiten. Dat stäerkt de regionale Marché a reduzéiert Transportkäschten.
- Eisen BIO-Label (fir déi meescht Produiten) garantéiert „Null Chemie“.
- Mir ënnerstëtzen de fairen Handel an engagéiere eis géint Ausbeutung a Kanneraarbecht.
- Do wou et Sënn mécht, bezéie mir direkt vum Produzent – ouni onnéideg Zwëschenhändler.
- Wëllt Dir Är Gäscht iwwerraschen? Profitéiert vun eisem Catering-Service (an der Gemeng an ëmleien).
Eis Fournisseuren
- Sinn, wéi gesot, lokal ugesidelt.
- Sinn och Atelieren protégés, déi eng impressionnant Aarbecht leeschtéieren an dobäi sozial Initiativen ënnerstëtzen.
- Mir ënnerstëtzen déi lokal Ekonomie, andeems mir Produkter vun Acteure vun der sozialer a solidarescher Ekonomie zu Lëtzebuerg an vu lokale Produzente verkafen.
Eis Mataarbechter
- Fannen bei eis eng Chance fir ze léieren an domat oft de Wee zeréck an den éischte Aarbechtsmarché.
- Entwéckelen hir sozial Verantwortung a kréien eng exzellent praktesch Formatioun.
Eis Brasserie ass net nëmmen passionéiert fir Kichen a Goût, mee och staark engagéiert am soziale an ekologesche Beräich.
„Eis Brasserie“ fërdert eng verantwortungsvoll Konsum duerch lokal, regional, biologesch a fair Produkter, déi mir op eng suergfälteg, kreativ a gourmand Manéier valoriséieren. Dir ënnerstëtzt domat déi lokal Ekonomie zu Lëtzebuerg. All eis Platen ginn hausgemaach.
D’Equipe vun „Eis Brasserie“ invitéiert Iech fir e flotte Moment ze verbréngen.