D’Entreprise TERRA G.O. ass e Büro vu Offizielle Géometeren, spezialiséiert op technesch Operatiounen a Studien am Zesummenhang mat de Grenzen an de Flächen vu Grondstécker.
Gegrënnt am Joer 2008 vum offizielle Géometer Philippe JOUANNETAUD, huet d’Firma sech an de leschte Joren un villen Projeten zu Lëtzebuerg bedeelegt, besonnesch bei der Ausarbechtung vun offizielle Vermiessungsdossieren fir Grenzbestëmmungen, Parzellendivisiounen, Lotissementer an och fir Perimeter vu spezielle Bebauungsprojete.
Topographesch Opnamen, Projetimplantatiounen an d’Ausarbechtung vun Vertikal-Kadaster-Dossieren gehéieren och zu de Käraktivitéite vun der Entreprise.
D’Büro ass Member vun der Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI) an am Ordre Luxembourgeois des Géomètres (OLG) vertrueden.