D'Entreprise NETTO CONCEPT PLUS gouf am Joer 2011 gegrënnt, mat dem Zil, hir Clienten esou gutt wéi méiglech bei hire spezifesche Besoinen am Beräich Botzen an Desinfektioun ze ënnerstëtzen.
Eis Firma huet hire Sëtz zu Bartreng an ass am ganze Lëtzebuerger Land aktiv. Mir iwwerhuelen d'Botzen an den Ënnerhalt vun allen Zorte vu Raimlechkeeten, Equipementer an Uewerflächen – souwuel bei Privatleit wéi och bei Betriber, a Verwaltungsgebaier, Organisatiounen a Wunnanlagen.
Als Spezialisten am Botzberäich stelle mir Iech erfueren an zouverlässegt Personal zur Verfügung, dat am Aklang mat den Hygiène- a Sécherheetsvirschrëfte schafft.
Well eis d'Ëmwelt an d'Wuelbefanne vun all Mënsch um Häerz leien, benotze mir all Dag Ecolabel-zertifizéiert Botzprodukter.
Zesumme kucke mir eis Är Situatioun un, fir Iech eng Léisung unzebidden, déi optimal op Är individuell Besoinen ofgestëmmt ass.
Eis Devisë si gratis a kënnen op einfach Ufro ugefrot ginn.
Fir weider Informatioune stinn mir Iech gären zur Verfügung.