D’Aufgab, déi mir eis gesat hunn, ass et, kranke oder behënnerte Mënschen ze hëllefen an hinnen en professionelle Transport ze bidden.
Dank reegelméissegen a kontinuéierleche Formatioune bidde mir Iech déi beschtméiglech Transporter mat dem richtegen Equipement an qualifizéiertem Personal.
Eist Zil ass et, eis Patienten mat dem passenden Material an engem kompetente Fachpersonal ze versuergen.
Mir kënnen all Zorte vu Patiententransporter duerchféieren – vum Taxidéngscht bis hin zu Verlegungen op d’Intensivstatioun.
Mir hunn:
- 12 Ambulanzen
- 4 medezinesch equipéiert Ambulanzen
- 8 VSL (Taxis)
- 24 Gefierer, déi fir Persoune mat Behënnerung ugepasst sinn (VW Caddy)
- 2 kleng Busser (Crafter), gëeegent fir grouss Lagerungsstull
Sicht Dir no engem zouverlässege Krankentransportdéngscht? Kontaktéiert eis um 26 12 39 26.