Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          SCHNEIDER IT MANAGEMENT SARL & CIE SECS

          EDV - Software 1A Op der Ahlkërrech L-6776 Grevenmacher (Gréiwemaacher)
          Kuck d'Nummer 27 20 80-00 Itinéraire Websäit

          SCHNEIDER IT MANAGEMENT

          SCHNEIDER IT MANAGEMENT

          ass Ären éischte Choix fir Online Services, Software-Lizenzen an d’Gestioun dovunner.

          Mir sinn d’Experten fir Lizenséierung, liwweren Iech all Software, déi um fräie Maart disponibel ass, a géréieren Äre Software-Portefeuille.

          Mat eiser exceptionneller globaler Lizenséierungsexpertise bidde mir iech déi richteg Lizenzen am richtege Lizenzprogramm an zu deene beschte Konditiounen.

          Mir beroden Iech onofhängeg, a mat eise Managed Services kritt Dir e besseren Abléck an Är Software-Notzung an den Asaaz vun Online Services, fir Käschten ze reduzéieren an Zäit ze spueren.


          Eis Clienten

          Mat Haaptsëtz zu Lëtzebuerg ënnerstëtze mit grouss multinational Konzerner a mëttelstännesch Entreprisen aus alle Branchen an Europa a weltwäit.

          Mir sinn houfreg drop, d’Lëtzebuerger Regierung an hir Ministèren, ëffentlech Verwaltungen, Gemengen an Organisatiounen an de Beräicher Gesondheetswiesen, Transport, Finanzen a Kommunikatioun ze ënnerstëtzen.


          Eis Wäerter

          Mir hunn eng Méthodologie, déi sech um Client orientéiert. Aus deene ville méiglechen Lizenséierungsoptiounen fanne mir ëmmer déi bescht Szenarien fir Är finanziell, technologesch a strategesch Ziler.

          Mat eisen detailléierten Simulatioune fir alternativ Lizenséierungsmodeller, Lizenkonsolidéierung an Aspuerungen bei de finale Käschten fanne mir déi optimal Lizenséierungsléisung fir Iech.


          Eist Team

          Eist zentralt Team vun héichqualifizéierten Experten zu Lëtzebuerg weist zesummen iwwer 100 Joer Erfahrung op an de Beräicher Software-Lizenséierung an Online Services.

          Zousätzlech zu eisem Team zu Lëtzebuerg hu mir och lokal Beroder an der Belsch an an Däitschland.

          Mir schwätzen net nëmmen Däitsch, Englesch, Franséisch, Lëtzebuergesch, Polnesch an Hollännesch, mee och Kloertext iwwer Lizenséierung, fir dass Dir déi richteg Entscheedungen treffe kënnt, wann et ëm Online Services, Software-Lizenzen an d’Gestioun dovunner geet.

          Als “Entreprise Formatrice” si mir déi éischt Firma zu Lëtzebuerg, déi de Beruff “Kaufmann/-frau für Digitalisierungsmanagement” ausbildt.


          Méi iwwer SCHNEIDER IT MANAGEMENT


          SCHNEIDER IT MANAGEMENT

          Aner Suggestiounen