Microsoft
Microsoft
Deen éischte Choix fir all Microsoft Online Services a Software.
Microsoft Software Advisor for Enterprise Agreements (EA)
Mir sinn deen éischte Choix fir Microsoft Enterprise Agreements.
Mir sinn d’Nr. 1 vun de Microsoft Licensing Partner zu Lëtzebuerg an deen éischte Choix als Software Advisor fir Äert Microsoft Enterprise Agreement (EA).
Mir sinn deen éischte Microsoft Licensing Solution Provider (LSP) mat Haaptsëtz zu Lëtzebuerg a betreien Honnerte vun Entreprise Enrollments am kommerzielle Beräich a fir staatlech Institutiounen mat villen 100.000 Uwender weltwäit.
Am Kader vun eisen Déngschtleeschtungen als Äre Software Advisor bidde mir éischtklasseg Lizenséierungberodung an onbegrenzt Optiméierungssimulatiounen a ginn Iech kompetent Äentwerten op all Är Lizenzfroen.
Microsoft Online Services & Software Distributioun
All Microsoft Lizenzprogramme. Zu deene beschte Konditiounen.
Dorwiwwer eraus si mir dee beschte Choix fir all aner Microsoft Lizenzprogrammer:
- Cloud Solution Provider (CSP)
- Microsoft Products and Services Agreement (MPSA)
- Open Value (OV)
Mir sinn dee Microsoft Partner zu Lëtzebuerg mat deenen am beschten ausgebildten Lizenzexperten a kennen d’Microsoft-Lizenzkonditiounen, déi sech stänneg änneren, wéi och de Maart.
Mat onsem eenzegartegen Usaaz zur Lizenzoptiméierung vergläiche mir all disponibel Optiounen, fir Iech déi bescht Kombinatioun aus Online Services & Software ze offréieren, déi genee op Är Ufuerderungen zougeschnidden ass.
Well mir direkt vu Microsoft bezéien, kënne mir zu virdeelhafte Konditioune weiderverkafen.
Microsoft Azure
Mir sinn d’Experten fir Azure.
Microsoft Azure as eng Cloud-Computing Plattform an een Online-Portal mat iwwer 200 Produkter a Cloud-Servicer.
Et erméiglecht Iech den Zougrëff op an d'Gestioun vun alle Cloud-Déngschter a -Ressourcen, déi vu Microsoft bereetgestallt ginn.
Azure bitt eng grouß Collectioun vun Déngschter, dorënner Platform as a Service (PaaS), Infrastructure as a Service (IaaS) a géréiert Datebankdéngschter.
Mir verkafen all Azure-Déngschter a berechnen se transparent weider.
Ons zertifizéiert Azure-Experten optiméieren Äre Microsoft-Azure Environnement, fir dass Dir dee beschte Notzen aus Ären Azure-Servicer zéie kënnt.
Mir zu Microsoft