Managed SAM Services
Managed SAM Services
Déngschtleeschtungen "all inclusive". Fir Äre komplette Software-Portefeuille.
Loosst d'Experten sech ëm alles këmmeren.Bleift produktiv, iwwerdeems mir fir Ären individuellen, perfekte Software-Portefeuille suergen.
Firwat Managed Services d'Léisung sinn
Séchert Iech groussarteg Resultater. Séier.
Organisatiounen mat engem net optiméierte Software-Portfolio verléieren all Dag vill Suen a vill Zäit.
Duerfir bannt Software-Licensing-Expertën an, déi Äre Portfolio fir Iech géréieren. Dir gitt méi effizient, spuert vill Suen an Zäit a kritt Kontroll an Transparenz.
Ons Managed SAM Services sinn een all-inclusive Service-Package, dee vun etabléierten Software-Licensing-Expertë ausgefouert gëtt an deen Iech bannent 3 Méint konkret Resultater bréngt.
Wéi mir Iech hëllefen
Ee bewährten Usaz. An alle Beräicher.
Onse bewährte Managed SAM Services verbënnt organisatoresch, technologesch a kontraktuell Aspekter an engem integréiérten Usaz:
Maacht Är IT besser.
Mir definéiere Rollen a Verantwortlechkeeten, fir Är Aarbechtsbelaaschtung ze reduzéieren. Mir stelle sécher, dass Dir iwwer Direktiven a Prozedure verfügt, fir Är Online-Déngschter an Är Software ze verwalten. Parallel dozou iwwerpréife mir Är Prozesser, fir Optiméierungspotenzialer opzedecken an Är Effizienz ze steigeren.
Verstitt a kontrolléiert Ären Environnement.
Et geet ons bei der Datenerfaassung net nëmmen ëm Softwareerkennung a Lizenzmanagement. Bei On-Premises-Software besteet fir Entreprisen ee relativ héije Risiko, ënnerlizenséiert ze sinn. Mat der Aféierung vun Online Services a browserbaséierten Uwendunge musst Dir déi effektiv Notzung kontrolléieren an iwwerwaachen, fir eng Iwwerlizenséierung ze vermeiden. Eng entspriechend Plattform mat enger zentraler Datebank ass onerlässlich.
D‘Häerzstéck vun onsen Managed SAM Services ass den USU License Management (SmartTrack) als Är Dateplattform, bereetgestallt vun onsem bewährte Partner USU Technologies, fréier bekannt als Aspera.
Profitéiert vun deene beschte Lizenséierungskonditiounen.
D’Ubidder behaapten, dass Online Services d‘Lizenséierung vereinfachen – mir gesinn de Contraire. Hybrid Lizenséierungsszenarien erfuerderen een nach méi intensivt Lizenséierungswëssen. Mat onse Managed SAM Services kënnt Dir Iech jidderzäit op d’Wësse vun onsen Expertën, den héichqualifizéierte Licensing and SAM Consultants, verloossen.
Séchert Iech Abléck. Gewannt Wëssen derbäi.
Am Reporting verknäppe mir ee grousse Bestand un héichwäertegen Donneeën an entwéckelen d’Rapporten fir déi verschidden Zilgruppen an Ärer Entreprise. Mir liwweren Iech Rapporten, Analysen a fondéiert Recommandatiounen. Doriwwer eraus gi mir Iech d’Méiglechkeet, d‘Self-Service-Funktionalitéiten ze benotzen. Iwwer ons performant Dashboards kritt Dir genee déi Informatiounen, déi Dir braucht.
Mir iwwer Managed SAM Services: https://www.schneider.im/lu/services/sam/