
Zënter 2010 zu Ärem Déngscht
Eis Agence zu Conter steet Iech zënter méi wéi engem Joerzéngt zur Säit – mat engem perséinleche Berodung an engem professionelle Service, no bei Iech.
Als Haaptagence vum Groupe FOYER bidde mir Iech eng komplett Offer un Versécherungen, Virsorger-, Spuer- a Finanzéierungsléisungen, déi un all Etapp vun Ärem private wéi beruffleche Liewen ugepasst sinn :
- Auto- a Moto-Versécherung
- Wunnengsversécherung, Reesversécherung, Restscholde-Versécherung
- Zousätzlech Krankekeess (Medicis)
- Liewensversécherung, Pensiounsvirsorger, Är Investissementer
- Bauspuervertrag (Wüstenrot), Autoleasing a Immobiliecrédittë vu CrediHome, Partnerléisungen
- Versécherungen fir Betriber
Eng perséinlech Approche
Mir analyséieren Är Situatioun individuell an maachen en gratis Bilan, fir zesummen déi bescht Léisungen ze fannen – souwuel wat d’Sécherheet ugeet, wéi och d’Steieroptimisatioun.
Sécheren, séieren a zougängleche Service
- Direkt Ausstelle vun der grénger Kaart a vum Versécherungskontrakt an der Agence
- Begleedung am Schuedensfall – vun der éischter Etapp un
- Administrativ Hëllef bei der Immatrikulatioun vun Ärem versécherte Gefier
- Berodung zu steierlech ofsetzbare Bäiträg
Verfügbar a stänneg fir Iech do
Eis méisproocheg Ekipp (LU / FR / DE / EN / IT / PT) steet Iech zur Verfügung.
Mir passen eis u Är Disponibilitéiten un a plangen d’Rendez-vous bei Iech doheem oder an eiser Agence – esou wéi et Iech am beschten entsprécht.
Dir profitéiert och vun der FOYER-Assistenz, déi 24/7 do ass, fir Iech zu all Ament effizient ze hëllefen.