Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Assurances Foyer - Theisen & Associés - Agence Principale d'Assurances

          Versécherung 30A Rue du Village L-5370 Schuttrange (Schëtter)
          Kuck d'Nummer 35 01 40-1 Itinéraire Websäit

          Iwwer Assurances Foyer - Theisen & Associés - Agence Principale d'Assurances

          • Zougang fir Behënnerten
          • Klimaanlag
          • Online-Accès
          • Consultatioun doheem

          Eis Agence bitt Iech zënter iwwer 70 Joer zu Schëtter eng perséinlësch Beroodung an ee professionellen Service.


          Mir proposéieren Iech déi ganz Gamme vum Groupe FOYER, déi eis et erméiglecht, op all Är Besoinen anzegoen an Iech Léisungen op Mooss an de Beräicher Assurance, Virsuerg , Spueren an Invest ze bidden.


          Mir stinn Iech zur Säit bei all wichtegen Etapp an Ärem Liewen a hëllefen Iech, Är Dreem ze realiséieren: de Kaaf vun Ärem Auto, de Wiessel an Är Wunneng, d’Sécherheet fir Är Famill, Äre Gidder, Är Reesen an äre Passiounen, wéi och d’Finanzéierung vun enger roueger Pensioun oder Investissementer zougeschnidden op Äre Profil.


          „Iech ze versëcheren an ze berooden, andeems mir eng gesond Relatioun ob Basis vun Vertrauen an Proximitéit opbauen – dat ass eis konstant Motivatioun.“

          — Yvette Theisen, Geschäftsféierung zënter 2002



          Eis Servicer:



          • Mir bidden ëmfaassend a flexibel Léisungen fir Är Bedierfnesser a Wunnversécherung (Mozaïk), Auto (Mobilé) a Gesondheetsversécherung (Medicis).
          • Mir hunn Léisungen, fir Är Famill oder e Prêt oofzesécheren, Är Pensioun virzebereeden an ze investéieren.
          • Mir erstellen mat Iech gratis een Bilan360° vun ärer Situatioun. Sou kënne mir Iech optimal beroden an all méiglech Ressourcen asetzen fir Är Versicherungsstrategie ze optimiséieren.
          • Mir bidden Finanzéierungsméiglëschkeeten wéi MobileCrédit, Leasing an CréditHome fir Är Auto- an Immobilielprojeten.
          • Fir Firmenclienten hunn mir spezifesch Léisungen, dorënner: Assurance vun ärem Local an vun ären Gefierer, Employee Benefits, Cyber Pro, RC Dirigeants an RC Exploitation.




          Assistenz an Berodung:



          • Am Schuedfall: mir stinn Iech zur Säit fir Iech ze berouegen an ze hëllefen bei den éischte Schrëtt. Dir profitéiert och vum FOYER senger 24/7-Assistenz.
          • Transparenz: Dir fannt all Är Dokumenter an der MyFoyer-App, wann Dir Iech an Ärem Client Espace umellt.
          • Dir plënnert an braucht Plënnerkëschten? Froot Ären Devis MOZAIK fir är nei Wunnassurance an bestellt 10 gratis Këschten.
          • Steieroptimiséierung: Mir analyséieren Är Situatioun mat dem VIREO-Tool a beroden Iech iwwer potenziell Steierspuermethoden druch oofsetzen vun Versëcherungsprimen.
          • Schnellen an effizienten Service: Mir erstellen Är Wunn- a Auto-Versécherunge direkt an der Agence a liwweren Iech Zertifikater direkt ouni Waardezäit.




          Eis Neiegkeeten op Instagram

          Evenementer !

          • Réforme des retraites au Luxembourg: ce qui change en 2026

            Neiegkeet

            📣 Nei Rentereform zu Lëtzebuerg: Dat Wichtegst ab 2026


            D'Reform vun de Renten trëtt am Januar 2026 a Kraaft an bréngt wichteg Ännerungen, fir d'Zukunft besser ofzesécheren.


            🔹 Erhéijung vum steierlech ofsetzbare Plafong fir d'individuell Altersvirsuerg:

            D’Méiglechkeet, méi Steieren ze spueren, hëlleft dobäi, sech nach besser op d’Pensioun virzebereeden.


            🔹 Strengere Konditioune fir d’Fréierent:

            D’Zougrëffsbedingungen op d’Rentrée mat 60 Joer ginn no an no méi schwéier (+1 Mount 2026, +2 Méint 2027, +4 Méint 2028, +6 Méint 2029, +8 Méint 2030).


            🔹 Virdeeler, wann een no 65 Joer schafft:

            Wien weiderhi schafft, ka vun engem erhéichten steierlechen Ofsaz profitéieren – bis zu 9.000 € pro Joer.


            👉 Fir all Detailer:

            foyer.lu/blog – Réforme complémentaire retraite

            #Foyer #Luxembourg #Pensioun #Prévoyance #Altersvirsuerg #Reforme #Finanzen

          Kontakt Persounen