Mir sinn eng international Entreprise, déi zënter 2003 zu Esch-Uelzecht (Lëtzebuerg) etabléiert ass an zënter Januar 2023 och zu Waasserbëlleg (Lëtzebuerg) vertrueden ass. Eis Direkteren, Luc Wagner a Jörg Weber, féieren aktuell eng Equipe vu 70 Mataarbechter, déi a verschiddene Projetsteams schaffen.
Eis Aktivitéitsberäicher ëmfaassen de komplette Beräich vun der Architekturplanung, dem Urbanismus an der Raumplanung, souwéi d'Projetentwécklung an de Projetmanagement.
Am Beräich vun der Gebaierplanung an der Objektplanung ginn eis Kompetenzen bal op all Secteuren ausgedeent: vun Bildungsariichtungen a Fuerschungsgebaier iwwer Wunngebaier a Wunnprojeten bis hin zu Projete am Tourismus, an der Gastronomie, am Handel souwéi an der Büro- an Verwaltungsarchitektur.
Besonnesche Wäert leeë mir net nëmmen op d'Konzipéierung vun effizienten a wirtschaftleche Gebaier, mee och op d'Berücksichtegung vun de spezifesche Besoine vun de Benotzergruppen an hire individuellen Ufuerderungen, fir déi bescht méiglech Notzungs- an Erliefniserfarung ze garantéieren.