Entdeck d’Rou an dir a fënn zeréck bei dech selwer
Lauschter op däi Kierper – du hues et verdéngt!
Bass du prett, der endlech Zäit fir dech ze huelen?
Am hekteschen Alldag fillt d'Liewen sech dacks wéi e Stuerm un. Ech bidden dir eng Oas vun Entspanung – eng bewosst Paus fir Kierper, Geescht a Séil. Meng Uwendungen ginn individuell op dech an deng Besoinen ofgestëmmt.
Erlief Massagen vu Ayurveda bis bei d’Raindrop-Technik.
Gënn der Entspanungscoursen wéi Autogenen Training, Achtsamkeet (Mindfulness), Meditatioun an Otemaarbecht (Breathwork). Erspier d’transforméierend Kraaft vun dengem Otem an déi individuell ugepassten Entspanungstechniken als Wee zu méi Kloerheet an banneschter Balance.
Entdeck an den Aromaworkshops d’Wierkung vun äthereschen Ueleger oder genéiss Wellnessowenter – op der Plaz oder online.
Meng Haaptthemen an dengem Begleedungsprozess
?? Gëftfräie Liewensstil
An enger Zäit, an där mir ëmmer méi ëmweltbewosst liewen, spiers du, wéi Ëmweltbelastungen däi Kierper an däi Geescht beaflossen. Agressiv Botzmëttel, penetrant Geröch an dréchen, rësseg Hänn weisen: traditionellt Botzen schued – dir an der Natur.
Ech weisen dir natierlech an nohalteg Alternativen fir en Alldag am Gläichgewiicht mat denger Gesondheet an der Ëmwelt.
?? Emotional a kierperlech Péng
Fills du dech am Alldag duerch Péng staark ageschränkt, kierperlech iwwerfuerdert oder an dengem Doheem isoléiert? Dat muss net däin dauerhafte Begleeder bleiwen.
Ech bidden dir individuell Ënnerstëtzung, fir Péng ze léisen an deng Liewensqualitéit zréckzekréien – fir méi Energie, méi Aktivitéit an e Liewen, dat sech erëm ganz ufillt.
?? Schlofproblemer
Fällt et dir schwéier anzeschlofen, well d’Gedanken onënnerbrach am Krees dréinen? Wäerts du moies midd waakreg, wéi wanns du guer net gerout häss?
Meng individuell ofgestëmmte Schlofbegleedung hëlleft dir, däi Geescht ze berouegen an erhuelsam Nuechten z’erlieven. Entdeck, wéi gezielte Entspanungstechniken, ätheresch Ueleger an en optiméiert Schlofumfeld däi Schlof verbesseren an dir nei Energie fir den Dag schenken – fir e Liewen voller Ausgeglachheet a Wuelbefannen.