
D'Missioun vum Syndikat ass et, d’Ofwaasserreinigung am Anzugsgebitt vun der „Chiers“ sécherzestellen, andeems en sech ëm den Entretien, den Betrib an d’Fonctionnéiere vun der Kläranlag zu Péiteng, vun den Haaptkanalisatiounen an deenen uschléissenden Infrastrukture këmmert. Desweideren setzt de Syndikat all néideg Aarbechten ëm, fir dëst Zil z’erreechen, an dat am Aklang mam Prinzip "pollueur-payeur".
Zousätzlech iwwerhëlt de Syndikat eng administrativ an teschnesch Roll am Kader vun der Gewässerpartnerschaft „Chiers“ mam Staat am Aklang mat der "loi modifiée du 19 décembre 2008 relative à l’eau".
BEI NOUTFÄLL AUSSERHALB VUN DEN ÖFFNUNGSZÄITEN, WIELT D'NOUTRUFNUMMER : 23 65 34 30