Risch Annick - Stadtbredimus
Zënter méi wéi 30 Joer steet Risch Annick Privatpersounen, Selbstännegen a Betriber mat Kompetenz, Engagement a perséinlecher Berodung am Beräich vun den Assurancen zur Säit. Duerch hir laangjäreg Erfarung an déi gutt Kenntnis vun de Besoine vun hire Clienten bitt d'Agence individuell Léisungen an en héichwäertege Service.
Als Haaptagence vu LALUX Liewens- a Schuedversécherungen hëlleft Risch Annick hire Clienten déi passend Versécherungsléisungen ze fannen fir Famill, Wunneng, Gefierer, Verméigen an berufflech Aktivitéiten optimal ofzesécheren. D'Zil ass et, fir all Situatioun eng personaliséiert an zouverlässeg Ofsécherung unzebidden.
D'Agence ass och Partner vun DKV Luxembourg S.A., Spezialist fir Krankekeess- a Gesondheetsversécherungen. Egal ob fir Iech selwer, Är Famill oder Är Mataarbechter, Dir profitéiert vun enger professioneller Berodung an adaptéierte Garantiepaketen.
Zousätzlech bitt d'Agence a Zesummenaarbecht mat Vereinigte Hagelversicherung VVaG speziell Versécherungsléisunge fir de landwirtschaftleche Secteur un. Sou kënnen Exploitatiounen a Recolten géint Wiederbedéngte Risiken an onerwaart Naturereegnesser ofgeséchert ginn.
D'Zefriddenheet vum Client steet am Mëttelpunkt vun allem Handelen. Disponibilitéit, Nolauschteren a perséinlech Begleedung maachen zënter iwwer dräi Joerzéngten den Erfolleg vun der Agence aus. Egal wéi eng Versécherungsfro oder wéi ee Projet Dir hutt, Risch Annick setzt hir Expertise an, fir Iech nohalteg an zouverlässeg Léisungen unzebidden.
Braucht Dir Berodung oder eng personaliséiert Offer? Kontaktéiert Risch Annick zu Stadtbredimus a profitéiert vu méi wéi 30 Joer Erfarung am Déngscht vun Ärer Sécherheet a Rou.