Direkt am Zentrum vun Esch-sur-Alzette läit d'"Résidence Al Esch", déi 16 Studioen a Wunnengen a verschiddene Gréissten ubitt, ugepasst un d'Bedierfnesser vu Leit mat reduzéierter Mobilitéit, fir Leit mat Multipler Sklerose oder ähnleche Krankheeten, eleng, oder zesumme mat hire Familjememberen
Op Ufro gëtt och psychosozial an edukativ Ënnerstëtzung ugebueden.
Kleng Reparaturen a Ënnerhaltsaarbechten, Hëllef bei Hausaarbechten an Ënnerstëtzung bei Spadséiergäng oder beim Akafen kënnen no Bedarf ugebuede ginn.
Ënnerstëtzung a Betreiung, déi vun der Fleegversécherung ofgedeckt sinn, gi vun engem Réseau iwwerholl deen déi betraffe Persoun selwer auswielt.