Search local. Find local.

Rahna - Muppen ënnerstëtze Leit am Rollstull

7 An de Leessen L-5312 Contern (Conter)

Asbl

Eis Fotoen

Iwwer Rahna - Muppen ënnerstëtze Leit am Rollstull

Wéi kënnt Dir eis ënnerstëtzen:
- Andems Dir e klengen Gadget an eisen "Shop" keeft
- Mat engem Don op eisen Konto: BCEE LU77 0019 1555 4193 9000.

Mir schwätzen: lëtzebuergesch, däitsch, franzéisch, englesch, portugiesesch, däitsch Gebärdesprooch

EIS MISSIOUN:
Parrainage
(Finanzéierung) vun speziell ausgebilten Assistenzmuppen fir Leit mat enger Behënnerung (physesch, geeschteg, Hörschädegung), fir Leit mat enger behënnernder Krankheet (Diabète, Epilepsie), a fir Institutiounen zu Lëtzebuerg.

D'Verbindung maan tëschent där Persoun di den Hond ufreet an der Schoul wou di Muppen ausgebild ginn.

Nei "Kandidate" fannen, dh Leit denen en Assistenzmupp an hirem Alldag hëllefe kéint.

Fonge sammelen fir eis z'erlaben, weiderhinn Assistenzmuppe fir Leit zu Lëtzebuerg parrainéieren ze kënnen, an eng Réserve uleeën, fir déi Muppen déi an d'Pensioun ginn oder gestuerwe sinn, sou schnell wi méigléch z'ersetzen.

Bedeelegung un den Déierendoktesch-Frais'en, wann e Mupp eng besonnesch Interventioun muss gemat kréien, fir sécher ze sinn, dass eis Muppen di bescht méigléch Soins-en kréien.

D'Öffentléchkeet sensibiliséieren fir eis Muppe mi bekannt ze maachen, duerch Virféierungen, Info-Stänn, Artikelen an der Press asw

Informatioune ginn iwert d'Medaille-Gesetz vum 22. Juli 2008, dat garantéiert, dass d'Leit mat hirem Assistenzmupp Accès hunn op all öffentléch Plazen an Gebaier.

Kontakter an Echanger förderen tëschent de Meeschteren vun Assistenzhënn zu Lëtzebuerg, z.Bsp. duerch Organiséiere vun engem Summerfest, gemeinsame Promenaden asw.

Effnungszäiten

Sur rendez-vous
Längegrad :

49,587764

Breedegrad :

6,224613

Eis Kontaktpersounen

no photo

Mme Andrée Biltgen

Président

D'Nummer uweisen +352 621 63 66 61
no photo

Mme Anne Richard

Trésorier

D'Nummer uweisen +352 621 63 66 61

praktesch Informatiounen

Mir schwätzen

  • Däitsch
  • Englesch
  • Franséisch
  • Lëtzebuergesch
  • Portugisesch

Eis Bezuelmëttel

  • Iwwerweisung

Zousätzlech Informatiounen

Eis Produkter an Zerwisser

  • Asbl
  • Nächsteléift

Mir proposéieren Iech

  • Informatiounen iwert Assistenzmuppen fir Leit mat enger Behënnerung (physesch, geeschteg, Hörschädegung), fir Leit mat enger behënnernder Krankheet (Diabète, Epilepsie), a fir Institutiounen.
  • Bénévolat an Fortbildungen fir d'Meeschteren vun Assistenzhënn z'ënnerstëtzen.
  • D'Rechter vu Leit mat enger Behënnerung zu Lëtzebuerg verteidegen.
  • Informatioun an Fortbildungen iwert d'"Medaille-Gesetz" vum 22. Juli 2008, dat garantéiert, dass d'Leit mat hirem Assistenzmupp Accès hunn op all öffentléch Plazen an Gebaier.

eis administrativ a finanziell Infoen

  • Nace : Activités des organisations associatives n.c.a. (94990)
  • N° vum Handelsregister : F392
  • Ëmsaz : 0 - 10000
  • Kapital : 1 - 10000
  • Unzuel un Ugestallten : 1 - 10
Rahna - Muppen ënnerstëtze Leit am Rollstull
7 An de Leessen L-5312 Contern (Conter)
D'Nummer uweisen +352 621 63 66 61
Andeems Dir weidersurft akzeptéiert Dir datt Cookies benotzt gi fir Är Benotzererfarung ze verbesseren. Méi gewuer ginn