D’Etude vum Notaire Pierre Metzler zu Lëtzebuerg bitt kompetent Berodung an alle Beräicher vum Notariatsrecht.
Den Notaire ass ënner anerem zoustänneg fir Immobilienverkeef, Tauschgeschäfter, Servituden, Kreditter, Hypothéiken, Schenkungen, Bestietnesverträg, Ierfschaftsplanung, Testamenter, Deelungen a Liquidatiounen.
D’Etude huet och eng zolidd Erfarung am Gesellschaftsrecht.
All Dossier gëtt individuell a mat grousser Suergfalt behandelt fir maximal Rechtssécherheet a Konformitéit ze garantéieren.
Méisprochleche Service zu Lëtzebuerg
Den Notaire a seng Mataarbechter schwätze Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch, Englesch a Portugiesesch fir eng international Clientèle optimal ze betreien.