D'Entreprise NICOLAS & HEIDESCH Sàrl, mat Sëtz zu Bilsdorf, gouf 2006 gegrënnt.
Als Generalbauentreprise bitt si sämtlech Aarbechten am Beräich Réibau, traditionelle Bau an Déifbau (Kanalisatiounen an technesch Leitungen) souwéi Aarbechten am Bausseberäich (Pavé an Gestaltung vun den Ëmgéigenden) un.
D'Entreprise mécht och all Zorte vun Äerd- an Ofbrochaarbechten, souwéi Ëmbau-, Renovatiouns- a Restauratiounsaarbechten.
Si bitt och verschidden Zorte vun Holzdaachstull an Daachdeckungen (Schifer, Zillen, Zénk), Blechaarbechten, Holzrahmenbau, Holz- a Blechverkleedungen, d'Installatioun vu Velux-Dachfënsteren an Daachisolatiounen (Holzfaser, Steewoll, Zellulos asw.) un. Och gemauert Kamäiner an Edelstahlkamäiner gehéieren zum Offer.
D'Entreprise këmmert sech ausserdeem ëm d'Beschneiden an d'Fälle vu geféierleche Beem souwéi ëm all Zorte vun Héichtenaarbechten.