Marc Wilmes Communication ass eng onofhängeg Kommunikatiounsagence mat engem Grafikdesign-Studio, baséiert zu Lëtzebuerg. Zënter 2006 huet dat, wat als Projet vun engem jonken Kreativen ugefaangen huet, sech zu enger Agence mat siwen (méi oder manner) jonken a (nach méi) kreativen Leit entwéckelt, déi e komplette Service-Spektrum ubidden.
Eis Fachberäicher sinn:
- Logoen a visuell Identitéit
- Print an Editioun
- Mediekampagnen a Medieplanung
- Webdesign
- Beschrëftung
- Signalisatioun
- Packaging
Mir engagéieren eis, fir mat eise Clienten op eng agreabel Aart a Weis zesummen ze schaffen, fir spezifesch op hir individuell Besoinen anzegoen.
Mir sinn eng gutt zesummegestallten Ekipp voller Motivatioun a kreativen Iddien.
Mir freeën eis drop, all nei Erausfuerderungen a Projeten, déi Dir eis uvertraut, unzegoen!