D'Landschaftsgärtnerei Hilbert ass Äre kompetenten an zouverlässege Partner fir d'Gestaltung, den Ënnerhalt an d'Verschéinere vun Ärem Gäert a Gréngflächen.
Mir bidden all Zorte vu Gaardensaarbechten un, dorënner d'Neigestaltung an d'Pfleeg vu Gäert, d'Beplanzung vu Blummen, Straicher, Hecken a Beem, souwéi d'Uleeë an den Ënnerhalt vu Wise mat reegelméissegem Méien. Zousätzlech iwwerhuele mir d'Botzen an d'Pfleeg vun Äre Bausseberäicher, inklusiv Onkrautbekämpfung, Freischneideraarbechten an d'Entsuergung vu Gréngoffäll.
Als Spezialiste fir den Ënnerhalt vu Beem schneide mir Är Beem zeréck mat Hëllef vun eiser Nacelle oder eisem Elageur, den an d'Beem klëmmt. Mir huelen och komplett Beem mat der Wuerzel ewech. Och forstwirtschaftlech Aarbechte wéiWuerzelfräsen an d'Häcksele vun Holz gehéieren zu eise Servicer.
Mat eisem moderne Maschinnefuerpark iwwerhuele mir och Terrassementer an den Transport vu Buedem, Mulch an eng Réi aner Material.
Fir datt Är Gréngflächen dat ganzt Joer iwwer schéin a gesond bleiwen, bidde mir individuell Joreskontrakter u fir den Ënnerhalt souwéi déi saisonal Aarbechten.
Hutt Dir e spezielle Projet? Mir realiséieren och Konstruktiounen aus Holz an Natursteen.
All d'Planzen, déi mir benotzen entspriechen héchste Qualitéitsstandarden.
Gratis an onverbindlechen Devis.