Ponywanderung
Séchert Äre Pony-Spadséiergang op de schéinste Plazen zu Lëtzebuerg!
Egal ob fir 1 oder 2 Stonnen.
Kanner kënnen op de Ponye reiden, wa si ënner 26 kg weien, a wa si dat wëllen.
Gréisser Kanner kënnen e Pony um Stréck huelen an domat spadséiere goen.
Wann d’Spadséiergäng an eiser Regioun sinn: Konsdref, Iechternach, Bäerdref, Blummenthal… da gëtt et keng weider Strooskäschten. Dir kënnt awer och eng Spadséiergang méi no bei Iech doheem ufroen, mat zousätzleche Strooskäschte.
De Präis gëtt pro Kand a pro Stonn gerechent.
25€/Kand/Stonn! Also fir 2 Stonnen 50€/Kand.
Jidderee Kand ënner 2 Joer, dat e grousse Brudder oder eng grouss Schwëster matbréngt, ass gratis.
Dës Spadséiergäng kënne och fir Erwuessener oder Gruppen ugefrot ginn.