Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Sandrine's Pony Express

          Sozialpädagogesch Begleedung 20 Rue d'Altrier L-6238 Breidweiler (Präiteler)
          Déngt ganz Lëtzebuerg
          Kuck d'Nummer 691 719 404 Itinéraire

          Stallzäit mat de Ponyen

          Besicht eis, matten an de Ponyen!


          Kommt laanscht, fir se ze gesinn, ze beréieren, ze heemelen, ze botzen a flott Momenter mat hinnen ze verbréngen.


          Dës Aktivitéit ass fir Familljen mat Kanner vun all Alter gëeegent, besonnesch fir déi Kleng ass et eng super Méiglechkeet, fir den éischte Kontakt mat de Ponye opzebauen.


          Kanner kënnen op de Ponye sëtzen, wa si manner wéi 26 kg weien.


          Nieft de Ponye si besonnesch d’Hénger déi geheim Staren um Haff: Dir kënnt hinne nokucken, heemelen, no Eeër sichen a se fidderen.


          Dir kënnt 1 oder 2 Stonne fir Iech, Är Famill oder Är Frënn reservéieren.


          De Präis gëtt pro Kand a pro Stonn gerechent.


          25€/Kand/Stonn! Also fir 2 Stonnen 50€/Kand.


          Jidderee Kand ënner 2 Joer, dat e grousse Brudder oder eng grouss Schwëster matbréngt, ass gratis.


          Dës Aktivitéit ka och fir Erwuessener oder Gruppen gebucht ginn.


          ab 4Kanner kritt der de Gruppepräis vun 95€/Stonn



          Stallzäit mat de Ponyen

          Aner Suggestiounen