Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          ProActif SIS

          Beruflech Reinsertioun 5 Rue Laïteschbaach L-5324 Contern (Conter)
          Kuck d'Nummer 27 33 44-1 Itinéraire Websäit

          Uebst a Geméis AUS EISEM GAART

          Frësch vum Feld an de Supermarché ! 

          ProActif, den Heederhaff an d’Provençale hu sech am Oktober 2020 zesummegedoen fir héichwäertegt Geméis ze produzéieren a bei de Konsument ze bréngen. Regional, saisonal a sozial.

          Et ass ënnert dem Markennumm « Aus eisem Gaart » wou d’Produkter vun dëser Zesummenaarbecht ugebuede ginn. Dir fannt si a ville Supermarchéen an Epicerien, Restauranten a Kantinnen.

          Et erkennt een d‘Geméis « Aus eisem Gaart » um Logo mat der Géisskan, deen den traditionellen Ubau zu Lëtzebuerg symboliséiert. Zum Sortiment gehéieren Zaloten, Zucchini, Kürbissen, Gromperen a villes méi. En Deel dovun entsprécht de Critèrë vum Bio-Ubau an huet och déi entspriechend Zertifikater, wat duerch de grénge Logo mat der Mentioun Bio (LU-BIO-04) erkenntlech ass. Bei deenen anere Produkter, déi op Basis vun der integréierter Landwirtschaft produzéiert ginn, ass d’Géisskan am Logo blo. Och déi si vun allerbeschter regionaler Qualitéit, frësch vum Feld, mat kuerzen Transportweeër.

           

          Hutt dir e Restaurant oder schafft an enger Kantin ?

          Wann dir Är Clienten mat beschtem frësche Geméis wëllt verwinnen, kënnt dir d’Produiten « Aus eisem Gaart » bei der Provençale bestellen oder an hirem Cash&Carry zu Leideleng kafen sou wéi bei Biogros a sengen dozougehéierenden Supermarchéen bekannt ënnert dem Numm Naturata.

           

          E puer interessant Zifferen

          Eis Felder leien an de Géigende vun Duelem, Contern, Biereng, Altréier a Munneref, a maachen alles an allem ronn 30 ha Land aus. Dorop schaffen eng 65 Leit, dovunner ronn 40 Leit déi an enger Beschäftegungsmesure sinn.

          Uebst a Geméis AUS EISEM GAART

          Aner Suggestiounen