Spundwänn
Si ginn zum gréissten Deel vum Train 2 um Site Belval produzéiert, mat Ausnam vun der HZ®-Gamme, déi vum Train Grey um Site Déifferdeng hiergestallt gëtt. De Train 2 produzéiert d’AZ®-Spundwand-Gamme, dorënner och eng vun de breetste vun der Welt, d’AZ®-800. Si ginn agesat, fir d’Äerd oder d’Waasser zréckzehalen an domat Kaien, Dämmen, ënnerierdesch Parkingen, Tunnel, Brécken oder Stroossenstrukturen ze bauen.