Trägeren
Si ginn vum TMB (Train Moyen Belval) an vum Grey Train op de Site vu Belval an Déifferdeng produzéiert. D’Balken an d’Trägerprofile ginn an d’Fundamenter, d’Strukturen an/oder d’Decke vun de Gebaier integréiert. De TMB ass op d’Produktioun vu liichten a mëttlere Trägerprofile spezialiséiert. De Grey Train huet eng Produktpalette, déi vu mëttlere bis schwéiere Balken reecht. Hien hält de Rekord fir déi breetsten an déi schwéierst Balken op der Welt.