WUNNENG
WUNNENG – mozaïk, eng komplett Assurance fir Är Wunneng an Är Famill
Foyer proposéiert Iech mozaïk, eng innovativ Familljen-Assurance, déi sech ëm Är Wunneng an Är Gidder këmmert an déi onverzichtbar Garantië fir de ganze Stot regruppéiert. Dir kënnt all Garantie un Är Besoinen upassen an zu all Moment Äre Kontrakt veränneren, a Funktioun vun Ärer familiärer Situatioun.
+ Accidenter am Alldag
En Accident kann zu all Moment geschéien a wäiträichend Auswierkungen op d’ganz Famill hunn (Aarbechtsausfall, Sanéierung vum Haus, Impakt op de Budget vum Stot, asw.). An dëse schwéiere Momenter bidden adäquat Assistancen a Finanzhëllefen eng wäertvoll Ënnerstëtzung.
+ Fräizäit a Wäertgéigestänn
Gitt mat rouegem Kapp Äre Passiounen no! Mat der Assurance Fräizäit a Wäertgéigestänn sinn Är Gidder gedeckt, wann se falen, futti oder geklaut ginn: Multimedia-Material (Computeren, Laptop, Fotosapparater, Flatscreens, Home cinema, Smartphone, asw.), Fräizäit-Material (Museksinstrumenter, Sport-Material, asw.), Bijouen, asw.
+ Private Rechtsschutz
Loosst Iech d’Liewe vu kenger Differenz schwéier maachen! D’Assurance Private Rechtsschutz vu reebou family schützt Är Famill a ville Beräicher vun Ärem Privatliewen oder bei engem Litige mat Ärem Employeur.
+ Rees-Assurance
Eng Rees mat Ärem Partner un dat anert Enn vun der Welt … Vakanz mat der Famill … Iwwer d’ganzt Joer ginn et ganz vill Méiglechkeeten, sech eng Auszäit ze gënnen! Mat der Rees-Assurance vu reebou family kënnt Dir ganz roueg fortgoen, ganz egal wou hin a wéini.
D’Stäerkte vun eiser Multirisiko-Wunnengsassurance
- Neit Reequipement fir d’Miwwel vu manner wéi 6 Joer
- Keng Franchise - Foyer indemniséiert Iech schonn ab dem 1. Euro!
- Bezuelung pro Mount vun Ärer Primm
- Ofsécherung vun ekologeschen Installatiounen (Garantie gréng Energien)
- Ofsécherung op Basis vum Wäert, deen Dir deklaréiert
- Remboursement op de Wäert vum neien Opbau am Fall vu Schued um Gebai
- Méiglechkeet, Assurance-Packagen ze souscrivéieren, fir Är Famill ofzedecke bei Reesen, engem Litige, engem Accident am Privatliewen
Gitt op eise Site a maacht online eng Simulatioun vun Ärer Wunnengsassurance.
Dësen Artikel deelen :