Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Agence Foyer - Kasel & Da Costa

          Versécherungsagent 1 Route de Thionville L-6791 Grevenmacher (Gréiwemaacher)
          Kuck d'Nummer 71 06 41 Itinéraire Websäit

          PROFESSIONNELLER

          PROFESSIONELLER

          Dir sidd eng Associatioun, en Handwierker, eng PME oder och eng grouss Entreprise? Foyer bitt Iech Assurance-Léisungen op Mooss, déi un Är Struktur ugepasst sinn.

           

          Auto - D’Assurance vun engem Déngschtauto, deen engem Employé als Saachleeschtung ageraumt gëtt, muss säitens der Entreprise an/oder dem Locatiounsagent gemaach ginn, déi dësen Avantage ubidden. Et ass deemno un der Entreprise, d’Déngschtgefier ze versécheren, dat si engem Employé zur Verfügung stellt. Déi professionell Assurancë mobilé pro a mobilé pro fleet si geduecht fir déi spezifesch Besoine vun Déngschtgefierer.

          Schied - D’professionell Multirisiko-Assurance reebou pro ass e komplette Programm mat onverzichtbare Garantien, fir d’Fonctionnéiere vun Ärer Entreprise an d’Weiderlafe vun der Aktivitéit ze sécheren, wann eppes Onerwaartes geschitt oder a schwéieren Zäiten. Fir Iech fir all schlecht Iwwerraschungen ofzesécheren an all Risiko vun enger Ënnerversécherung ze evitéieren, plange mir eng reegelméisseg Kontroll vun Äre Garantien an.

          Responsabilitéit - Stellt Är professionell Haftflicht-Versécherung op Mooss zesummen, a Funktioun vun de Risiken an Ärem Aktivitéitberäich. Profitéiert vun der kompetenter Berodung vun eise Spezialisten, déi eng personaliséiert Etude vun Äre Besoine maachen, ganz ouni Engagement.

          Employee benefits - Foyer beréit Iech a begleet Iech bei der Ausschaffung vun Ärem Programm vun enger Gruppen-Assurance. Mir erstelle mat Iech Léisungen, déi un Är Lounpolitik ugepasst sinn an no Bedarf un d’zousätzlech Besoine vun Äre Salariéen ugepasst kënne ginn.

           

          Gitt op eise Site, fir méi iwwer d’Léisungen, déi un Är Struktur ugepasst sinn, gewuer ze ginn.

          PROFESSIONNELLER

          Aner Suggestiounen