Indosuez Wealth Management ass d’Mark vun der Verméigensverwaltung vum Group Crédit Agricole. Si zielt zu de Leader an der Branche, a kann op iwwer 150 Joer Erfahrung an der Begleedung vu Familljen an Entrepreneuren aus der ganzer Welt zeréckblécken. Indosuez Wealth Management ass a 15 Länner an Europa, am Mëttleren Osten, an Asien-Pazifik an a Nordamerika präsent.
Hir Spezialiste bidden eng ëmfaassend an héichwäerteg Berodung, souwéi personaliséiert Servicer a Léisungen un, déi op d’Verwaltung vum privaten a beruffleche Verméige vun hire Clienten ofgestëmmt sinn. Dobäi integréiert Indosuez Wealth Management och d’Ambitioun, den Iwergang zu enger méi nohalteger Wirtschaft ze begleeden.
Am Kader vun hirer Entwécklung an Europa huet Indosuez Wealth Management zu Lëtzebuerg, fir seng europäesch Clienten e Reseau vu Filialen ausserhalb vun Lëtzebuerg opgebaut, mat Ekippen a Spuenien, Italien a Portugal. Zënter 1920 begleet Indosuez Wealth Management Familljen an Entrepreneuren a bitt hinnen en direkten Zougang zu spezialiséierter Expertise vum Group Crédit Agricole. Dës Proximitéit erméiglecht et, Exzellenz, Erfarung an Expertise mateneen ze verbannen an dobäi personaliséiert Léisungen unzebidden, déi op d’Bedierfnesser an d’Erwaardunge vun de Clienten ofgestëmmt sinn.