Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          Forum pour l'Emploi Asbl

          Sozial an paramedizinesch Déngschtleeschtungen 36 Z.A.E.R. op der Héi L-9809 Hosingen (Housen)
          Kuck d'Nummer 80 48 85-1 Itinéraire Websäit Video Kontakt

          Iwwer Forum pour l'Emploi Asbl

          • Zougang fir Behënnerten
          • Lift

          Eis Philosophie

          De Forum pour l’emploi a.s.b.l. huet follgend Ziler:

          • d’Begleedung, d’Aféierung an d’Ënnerstëtzung vun Initiativen géint d’Aarbechtslosegkeet, déi d’Integratioun vun den Aarbechtssichenden an d’Aarbechtswelt fërderen;
          • d’Verbesserung vun der Beschäftegungsfäegkeet vun all Aarbechtssichenden duerch d’Erhale vu berufflecher Erfarung, souwéi duerch berufflech a sozial Formatiounen;
          • d’Entwécklung, zesumme mat Partneren déi am Beräich vun der Beschäftegung aktiv sinn, vu Projeten zur Aarbechtsintegratioun, déi d’Reintegratioun vun Aarbechtssichenden, virun allem um éischten Aarbechtsmarché, fërderen.

          De Forum pour l’emploi a.s.b.l. entwéckelt Déngschtleeschtungen, déi et de concernéierte Persounen erlaben, erëm eng Aarbecht opzehuelen. Dës Aarbechtsintegratioun bitt deene Persounen ouni Beschäftegung d’Méiglechkeet, sech souwuel direkt um Aarbechtsplaz (learning by doing) wéi och duerch ergänzend Formatiounen weiderzebilden. D’Aktivitéitsberäicher vun de Projeten si ganz divers: Ëmweltgestaltung, Noperschaftsservicer, Bauwiesen, a vill anerer.

          D’Zil vun dëser Aarbechtsintegratioun ass et, déi Persoun ouni Beschäftegung aus hirer Isolatioun erauszeféieren, si ze motivéieren nees un der aktiver Beruffswelt deelzehuelen an hir Integratioun an d’Aarbechtswelt ze ënnerstëtzen.

          Zilgrupp

          D’Integratiounsaarbechter, déi beim Forum pour l’emploi agestallt sinn, hunn dacks Schwieregkeeten bei der berufflecher Integratioun oder Reintegratioun. D’Ursaache fir dës Situatioun si ganz ënnerschiddlech. Wärend verschidde Persounen haaptsächlech wéinst hirem Alter oder engem Manktem u Qualifikatiounen Schwieregkeeten hunn eng Aarbecht ze fannen, sinn anerer mat sozialen, kierperlechen oder Ofhängegkeetsproblemer konfrontéiert.

          Opnamkonditiounen

          D’Kandidatinnen a Kandidaten mussen als Aarbechtssichend bei der Agence pour le Développement de l’Emploi (ADEM) ageschriwwe sinn.

          De Forum pour l’emploi rekrutéiert reegelméisseg an ausschliisslech iwwer d’ADEM.

          Eis Neiegkeeten op Instagram

          Eis Artikelen