1995 war Lëtzebuerg europäesch Kulturhaaptstad, ee Joer duerno huet de Frank Hoffmann den Théâtre National du Luxembourg gegrënnt.
Zanter 2005 huet den TNL säi Site an enger fréierer Schmëdd, zwéi Kilometer vum Stadzentrum ewech, an zielt zu de siwen Theateren aus der Haaptstad.
Den Nationaltheater, deen zum gréissten Deel vum Kulturministère finanzéiert gëtt, ass eng Plaz fir zäitgenëssesch Theaterformen. Och wann den TNL fir Danz- an Musikstécker wäit opsteet, leit de Schwéierpunkt op der Sprooch (oder de Sproochen) - en produzéiert vill Opféierungen op Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch, genee wéi an anere Sprooche wéi Portugisesch, Italienesch oder och Spuenesch. Nieft dem Opféiere vu Klassiker am Kontext vun eiser Zäit bitt den Theater virun allem och zäitgenësseschen Autoren eng Bün. Eng méisproocheg Ekipp vun 18 Leit schafft onermiddlech drun, dem Public all Joer méi wéi 20 Produktiounen (dorënner 15 Eegekreatiounen) ze bidden, wat zu 100 Opféierunge pro Spillzäit féiert – déi vill Tournéeën an Europa an am reschtlechen Ausland net matgezielt.
Den Théâtre National du Luxembourg baut seng international Ausstrahlung stetig aus an ass zanter 2013 en aktiven Member vun der Europäescher Theaterunioun UTE.