Logo editus.lu
          Fëllt w.e.g. d'Felder "Wat" a "Wou" aus Wielt w.e.g. eng valabel Stad aus Fannt de pro deen Dir braucht

          CFL multimodal

          Internationalen Transport 100 Z.A.E. Wolser E L-3437 Dudelange (Diddeleng)
          Kuck d'Nummer 49 96-0001 Itinéraire Websäit Kontakt Company film

          Iwwer CFL multimodal

          • Parking

          Den CFL multimodal Grupp ass een Déngschtleeschter, deen déi ganz multimodal Logistikketten ofdeckt.


          Mat enger staarker Präsenz an Europa, duerch hir 10 Filialen a 4 Länner, bidden CFL multimodal an hir Schwëstersgesellschaft CFL cargo eng breet Pallette un Transport- a Logistikzerwisser un, déi un d’individuell Bedürfnisser vun all Client ugepasst sinn: kombinéierten a konventionellen Eisebunntransport, Waggonsmaintenance, Stroossentransport, Frachtvermëttlung souwéi och Lagerung, personaliséiert Logistikdéngschtleeschtungen an Douanenzerwisser.


          Zu Lëtzebuerg bezéien sech d’Aktivitéite vun CFL multimodal op den intermodalen Terminal Beetebuerg-Diddeleng an op den Eurohub-Sud-Logistikpark. Duerch seng strategesch Lag um Rail Freight Corridor 2 (Nordsee–Mëttelmier) an am Häerz vun den Haapttransportachsen an Europa, ass de multimodalen Hub ideal fir d’Zesummeféierung vun intermodale Gidderstréim – souwuel europawäit, wéi och doriwwer eraus. Mat enger järlecher Kapazitéit vu bis zu 600.000 UTI'en a mat modernster Technologie am Beräich Sécherheet a Kontroll ausgestatt, ass den intermodalen Terminal vu Beetebuerg-Diddeleng mat de grousse Seehäfen a wichtege Wirtschaftsregioune duerch kombinéiert Shuttle-Zich verbonnen. 

          Eis Artikelen

          Kontakt Persounen