Als onofhängeg Architektin zënter 2009 begleeden ech virun allem Privatleit bei hire Wunnengsbau-, Renovatiouns- an Ëmbauprojeten. Meng Aktivitéit konzentréiert sech haaptsächlech op de private Wunnengsbau, mat enger individueller Approche fir all Projet.
Ech plangen Neibauten, Renovatiounen, Transformatiounen an Erweiderunge vu bestoende Gebaier. Ausserdeem bidden ech Léisunge fir d’Gestaltung vun Innenraim un, fir Wunnflächen optimal ze notzen an angenehm Liewensraim ze schafen. Mäi Beräich ëmfaasst och Miwweldesign op Mooss an d’Aménagement vun den Outdoorberäicher fir e stëmmegt Gesamtkonzept ze garantéieren.
Ech erstellen och vertikal Kadasteren an huelen Opmoosse vu privaten Haiser vir, déi eng wichteg Basis fir vill Transformatiouns- an Ausbausprojete bilden.