
D’Confédération Générale de la Fonction Publique CGFP ass eng Daachorganisatioun vu Beruffsorganisatiounen aus dem ëffentlechen Déngscht, déi sech zum Zil gesat huet, déi sozial, moralesch, berufflech a materiell Interesse vu Fonctionnairen, Staatsemployéen an anere kontraktuellen Agente vum Staat – onofhängeg vun hirem Geschlecht – ze vertrieden. D’CGFP handelt onofhängeg vu politeschen oder ideologeschen Iwwerleeungen.
Als onofhängeg an neutral Gewerkschaft setzt d’CGFP mat onermiddlechem Asaz en ëmfangräichen Aktiounsprogramm ëm. Hiren Objektiv ass et, déi berufflech a sozial Situatioun vun hire Memberen ze verbesseren. Parallel dozou bezitt si Positioun zu alle grondsätzleche politesche Froen.
D’CGFP regroupéiert ronn 60 Federatiounen a Beruffsassociatiounen aus der Fonction publique an zielt iwwert 34.000 Memberen. Si ass déi eenzeg national representative Gewerkschaft am ëffentlechen Déngscht. Mat der CGFP kënnen d’Agents publics op en efficacet gewerkschaftlecht Instrument zeréck gräifen, dat opgrond vu senger Gréisst, Eenheet, Stäerkt an sengem Handlungsspillraum an der Lage ass, souwuel d’Acquisen ze verdeedege wéi och de Fortschrëtt ze sécheren.