BVZ Luxembourg ass eng Fiduciair zu Péiteng.
Zënter 2013 bidden mir mat Professionalitéit verschidde Comptabilitéitsservicer un.
Mir stinn Iech och gär zur Verfügung fir Iech bei Äre Steierfroen an -démarchen ze hëllefen.
Mir iwwerhuelen och d’Gestioun vun de Paië.
Eist Team besteet aus 9 Professioneller, déi Iech zur Verfügung stinn – all eenzel mat senger eegener Spezialisatioun.
Dank hirem spezifesche Wëssen an de verschiddene Servicer vu BVZ, kritt Dir séier kloer a präzis Äntwerten.
Mir stellen Iech och en informatescht Tool zur Verfügung, fir Iech den Zougang zu Ärer Comptabilitéit an zur elektronescher Gestioun vun Ären Dokumenter ze vereinfachen.
Dës Interface ass einfach an séier ze benotzen.
Si erméiglecht eis och, stänneg a Kontakt mat Iech ze bleiwen, falls Dir Froe hutt.
Sou kënnt den Transfert vun Dokumenter mat engem eenzege Klick gemaach ginn!
Bei BVZ leeë mir grousse Wäert op eng Vertrauensbezéiung tëschent Iech an eise Professioneller, well et net méiglech ass, Iech richteg ze begleeden ouni gutt Nolauschter- an Kommunikatiounsfäegkeeten.
Fir all Informatioun, kontaktéiert eis op der Telefonsnummer 26 55 29 62.