Zënter ville Joren hunn ech eng grouss Passioun fir d’Thai-Massagemethod an ech kommen aus enger Famill, déi sech op dësem Beräich spezialiséiert huet. Ech invitéieren Iech häerzlech, eis Massageséancen an enger frëndlecher a waarmer Atmosphär am Zentrum vu Déifferdeng ze entdecken an auszeprobéieren.
Ech sinn Thai an ech schaffen schonn zënter 14 Joer am Massageberäich zu Lëtzebuerg.
Wat ass eng Massage?
Eng Massage ass virun allem eng excellent Méiglechkeet, sech vum Alldag ze léisen, de Kierper ze befreien an e Moment vu Wuelbefannen an Entspanung ze genéissen. Si hëlleft de deegleche Stress ze reduzéieren an dem Kierper erëm nei Energie ze ginn.
Dir kënnt en Rendez-vous huelen, andeems Dir d’Massage vun Ärer Wiel auswielt. Dir kënnt mech och kontaktéieren fir Informatiounen a Berodung iwwer Massagen, aromatesch Kraider an ätheresch Ueleger.
Rendez-vous si nëmmen per SMS an/oder E-Mail méiglech.
Ech freeë mech, Iech geschwënn begréissen ze däerfen.
Samran Chanaklang