Eis Geschicht fänkt 2004 un mat der Grënnung vum Berodungsbüro ATOZ Tax Advisers.
Eng Grupp vu Partneren an hiren Equipen, déi virdrun bei Andersen an Ernst & Young geschafft hunn, hunn hiert eegent Geschäft mat hirer eegener Visioun opgebaut a begleeden zënterhier eng breet Palette u Clienten aus verschiddene Secteuren mat qualitativ héichwäerteger an op Mooss geschneiderter Expertise.
Wéi d’Besoinen vun eise Clienten mat de verännerte reglementaresche Landschaften evoluéiert sinn, ass d’Noutwendegkeet kloer ginn, eng integréiert Full-Service-Léisung unzebidden.
Op Basis vun eiser déifgräifender Maartkenntnis a vun eiser Erfarung beim Opbau vu erfollegräiche Geschäftsstrukturen gouf ATOZ Services 2018 gegrënnt.
2021 huet ATOZ Services säin Offere weider ausgebaut a bitt zënterhier eng Rei vu Servicer am Beräich Investmentfongen, reglementaresch Compliance, souwéi Transfer Pricing an Ënnerstëtzung bei Transaktiounsdurchféierungen un.
2024 hu mir d’Entwécklung vun eisem Geschäft weidergefouert an eis Equipe zu Lëtzebuerg an zu Casablanca verstäerkt. ATOZ Services huet e wichtege Meilesteen erreecht mat der erfollegräicher Iwwerhuele vu dräi neie Firmen — Fund Solutions, ME Business Solutions an Seles Ltd — déi all eenzegaarteg Stäerkten an Expertise an eis Organisatioun abréngen.
Mat engem erweiderten Team vu méi wéi véierhonnert Experten bidden mir eng wierklech 360°-Léisung fir zu Lëtzebuerg baséiert Geschäfter, mat engem kompletten Offer u Corporate- a Managementservicer, déi individuell un Är Besoinen, Preferenzen an Aschä¨nkunge ugepasst kënne ginn. Mat engem erfuerenen Team vu Spezialisten identifizéiere mir séier, wat Dir braucht, fir Äert Geschäft zu Lëtzebuerg erfollegräich a konform ze féieren, an begleeden Iech bei all Schrëtt — an doriwwer eraus.
Konzentéiert Iech op Äert Kärgeschäft a loosst de Rescht bei eis.