Santer & Dohm – Är LALUX-Agence zu Gréiwemaacher
WhatsApp-Nummer fir Dokumenter/Fotoen ze schécken (keng Uriff): +352 621 14 80 41
D’Agence Santer & Dohm ass zënter 2016 am Häerz vu Gréiwemaacher etabléiert a begleet Privatpersounen, Selbstänneger an Entreprisen an alle Froen ronderëm Versécherungen, Virsuerg, Spueren a finanziell Ofsécherung. Als exklusive Partner vun der LALUX-Grupp steet d’Agence fir déi Wäerter, déi dësen traditionsräiche lëtzebuergesche Versécherer zanter bal engem Joerhonnert auszeechnen: Noperschaft, Vertrauen, Stabilitéit an e laangfristegt Engagement géintiwwer de Clienten.
Un der Spëtzt vun der Agence stinn den André Dohm an den Daniel Santer, déi iwwer eng fundéiert Erfarung am Versécherungssecteur verfügen. Ier sie als selbstänneg Generalagenten aktiv goufen, huet den André Dohm an der Schiedensabteilung vu LALUX geschafft an do eng ëmfaassend Fachkenntnis an der Schiedensbearbechtung an an der Clientebetreiung gesammelt. Den Daniel Santer war als Inspekter am Aussendéngscht vum Département Commercial täteg an huet e déift Versteesdemech fir d’Besoine vu Privat- a Geschäftsklienten entwéckelt.
Mat méi wéi zéng Joer Erfarung als Agencebesëtzer hu si laangfristeg Clientsbezéiungen opgebaut, déi op Vertrauen, Disponibilitéit an individueller Berodung baséieren. Dank hirer gudder Kenntnis vum lëtzebuergesche Marché bidden si moossgeschneidert Léisunge fir all Liewensphas – vun der Autos- an Hausversécherung iwwer de Schutz vu berufflechen Aktivitéiten bis hin zur Altersvirsuerg an der Ofsécherung vun der Famill. Net ze vergiessen d’Zousazkrankeversécherung vun der DKV. Dësen Pilier gëdd ëmmer méi wichteg, fir eng gudd Versuergung ze finanzéieren!
Zesumme mat hirem Team betreien si Clienten am ganze Groussherzogtum Lëtzebuerg, besonnesch an der Ostregioun vum Land. Reaktiounsschnellegkeet, Clientsnoheet a Servicequalitéit stinn dobäi am Mëttelpunkt vun hirem deeglechen Engagement.
Wien sech fir Santer & Dohm entscheet, profitéiert vun der Kompetenz vun enger etabléierter lokaler Agence an zur selwechter Zäit vun der Stäerkt an Zouverlässegkeet vun der LALUX-Grupp – fir moossgeschneidert Versécherungs- a Virsuergléisunge mat engem Maximum u Sécherheet.