D’Uertschaften Kayl an Tétange leien tëscht zwou Hiwwelketten, déi an de leschten 150 Joer vun de Mineuren bearbecht goufen, fir Eisenäerz ofzebauen. Haut liewen d’Awunner net méi am Rhythmus vun der Eisenäerzgewënnung. An de leschte Joren ass d’Ëmgéigend nees méi gréng ginn a léisst Naturfrënn d’Wëllschéinheet vun de Landschaften entdecken, déi duerch de Mënsch a seng Aktivitéite fir ëmmer gepräägt goufen.
Administrativ Servicer
(Sekretariat, Finanzdéngscht, Kanner- a Jugenddéngscht, Evenementer, Public Relations, Personal)
• Méindes bis freides vun 8:00 – 11:30 Auer / 13:30 – 16:30 Auer
• Ausserhalb vun den Ëffnungszäiten op Rendez-vous
„Biergerzenter“ an Déngscht fir Bildung a Betreiung
(fréier „Maisons relais“)
• Méindes, dënschdes, donneschdes a freides vun 8:00 – 11:30 Auer / 13:30 – 16:30 Auer
• Mëttwochs vun 7:30 – 11:30 Auer / 13:30 – 18:00 Auer
Techneschen Déngscht an Urbanismusdéngscht
• Méindes bis freides vun 8:00 – 11:30 Auer
• Ausserhalb vun den Ëffnungszäiten op Rendez-vous (all Aarbechtsdag tëscht 13:30 an 18:30 Auer)