Electricité Watry, Äre Spezialist fir all elektresch Installatiounen
Zënter ville Jore stellt Electricité Watry seng Kompetenzen a seng Erfarung de Privatleit, Betriber a Gemengen zur Verfügung fir all Aarbechten am Beräich vun der Elektrotechnik. Eis qualifizéiert Mataarbechter begleeden Iech bei Neibauten, Renovatiounen, Moderniséierungen, Konformitéitsaarbechten a Reparaturen a bidden Iech zouverlässeg an individuell Léisungen.
Mir bidden ënner anerem folgend Servicer un:
- Nidderspannungs- an Héichspannungsinstallatiounen
Komplett elektresch Installatiounen, Erneierung vun bestehenden Anlagen, Konformitéit an séieren Dépannageservice.
- Domotik a Sécherheetssystemer
Installatioun vu moderne Léisunge fir méi Komfort a Sécherheet, dorënner Parlophonen, Videophonen, Brandmeldeanlagen, Abrochalarmen a Systemer fir Zougangskontroll.
- Elektresch Apparater an Haushaltsgeräter
Berodung, Liwwerung, Installatioun an Uschloss vu sämtlechen elektreschen Apparater an Haushaltsgeräter.
- Computernetzwierker a Glasfaser
Verkabelung vu Réseauen, professionell Informatiknetzwierker, Glasfaseruschlëss a modern Kommunikatiounsinfrastrukturen.
- Bannen- an Baussebeliichtung
Konzipéierung an Installatioun vu performanten, energiespuerenden an ästhetesche Beliichtungsléisunge fir Wunnhaiser, Geschäfter, Büroen an Outdoor-Beräicher.
- Versenkbar Polleren an Zougangskontroll
Installatioun vu versenkbare Polleren an Equipementer fir Zougäng zu privaten a professionelle Beräicher ze sécheren an ze kontrolléieren.
Mat eiser Erfahrung an eisem technesche Know-how garantéiere mir elektresch Installatiounen, déi den aktuelle Normen entspriechen an op héchstem professionelle Niveau ausgefouert ginn. Egal ob Neibau, Renovatioun, Ëmbau oder Moderniséierung, Electricité Watry ass Äre vertrauenswürdege Partner fir all Är elektresch Projeten.
Electricité Watry: Qualitéit, Sécherheet, Innovatioun a Service am Mëttelpunkt vun all Projet.