Washtime, zu Rouscht (Roost), ass e Wäschzentrum fir all Zorte vu Gefierer: Autoen, Camionen aus alle Kategorien, Camping-Caren, asw.
Eis Anlag bitt Iech verschidde Wäschservicer no Äre Besoinen un:
- Carwash / Truckwash
- Bannenzeg an baussenzeg Handwäsch
- Self-Wash
- Staubsauger
Eise Carwash/Truckwash-Service ass vun Dënschdeg bis Samschdeg vun 09:00 bis 18:00 Auer op.
Eise Handwäsch-Service ass op Rendez-vous disponibel, vun Dënschdeg bis Samschdeg vun 09:00 bis 17:30 Auer.
Eis 4 Self-Wash-Boxen an 5 Staubsauger stinn Iech 24 Stonnen den Dag, 7 Deeg d'Woch zur Verfügung.
Dir fannt och eis Fleeg- a Reinigungsproduiten an eisem spezialiséierte Buttek.