Eng permanent technesch Iwwerwaachung
Wagner Home Systems S.A. beméit sech, déi neisten Normen unzewenden, fir esou en onvergläichlecht Qualitéits- a Sécherheetsniveau ze garantéieren.
Eng oppen an direkt Kommunikatioun
Intern gëtt si duerch déi mënschlech Gréisst vun der Entreprise gefërdert a mécht d’Effizienz vun de Mataarbechter an d’Kohärenz vun de Moossname méiglech. No bausse geschitt si a Form vun engem permanente Dialog mat de Clienten, fir hir aktuell Zefriddenheet ze garantéieren an hir zukünfteg Besoinen virauszegesinn.
Eis Haaptkompetenzberäicher
- Elektroinstallatioun
- Photovoltaik
- Smart Home
- Kichengeräter / TV / Multimedia
- Renovatioun vum Buedzëmmer
- 24-Stonnen-Clientsservice