Tamadine S.à r.l.s. – Äre Partner fir Steier- an administrativ Demarchen zu Lëtzebuerg
Mat 27 Joer Beruffserfarung bei der Lëtzebuerger Steierverwaltung, dovun 13 Joer am Beräich vun der Besteierung vun däitsche Grenzgänger, stellen ech haut mäi Wëssen a meng Erfarung de Privatpersounen zur Verfügung.
Tamadine S.à r.l.s. mat Sëtz zu Munneref ass spezialiséiert op d'Erstelle vu lëtzebuergesche Steiererklärungen an op d'Begleedung vu Residenten, Non-Residenten, Grenzgänger an Expats bei hire steierlechen an administrativen Demarchen.
Meng Servicer
- Opstelle vu lëtzebuergesche Steiererklärunge fir Residenten a Non-Residenten
- Iwwerpréiwung vun der steierlech gënschtegster Veranlagung
- Ënnerstëtzung bei Steierréckbezuelungen an anere steierlechen Demarchen
- Ënnerstëtzung bei Rentenanträg a Renteschätzunge bei der CNAP
- Ufroë fir Baby Years (Kannererzéiungszäiten)
- Administrativ Ënnerstëtzung a Korrespondenz mat lëtzebuergeschen Autoritéiten
- Hëllef fir Grenzgänger an Expats bei administrativen Demarchen
Grenzgänger Lëtzebuerg – Däitschland
Ee vu menge Schwéierpunkten ass d'Begleedung vun däitsche Grenzgänger.
Fir grenziwwerschreidend Steierfäll schaffen ech enk mat der Madamm Bettina Greb, Steierberoderin an Däitschland, zesummen. D'lëtzebuergesch Steiererklärung gëtt vun Tamadine bearbecht, déi däitsch Steiererklärung vun der Madamm Greb.
Perséinlech Betreiung
All Dossier ass eenzegaarteg.
Ech huelen mir Zäit, Är Situatioun genee ze analyséieren an Iech kompetent a perséinlech ze begleeden.
Berodunge si méiglech op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch.
Ech freeë mech drop, Iech kennen ze léieren.